CASSIS GIN LIQUEUR

CASSIS GIN LIQUEUR

OPYOS
CASSIS GIN LIQUEUR

38,90 € TTC
50 cl / 30% vol

Den Opyos Cassis Gin Liqueur entsteet duerch d’Mazeratioun vu suergfälteg ausgewielte lëtzebuergesche Schwaarze Kréischelen an eisem Opyos Luxembourg Dry Gin iwwer e puer Méint. D’Resultat ass en harmonesch equilibréierte Likör mat intensive Cassisnouten, der charakteristescher Komplexitéit vun eisem Luxembourg Dry Gin, enger samteger Textur an enger déif mofer Faarf.

QTÉ

CASSIS GIN LIQUEUR
CASSIS GIN LIQUEUR
CASSIS GIN LIQUEUR

PRODUKTIOUNS-
PROZESS

D’Produktioun vum Opyos Cassis Gin Liqueur fänkt mat suergfälteg ausgewielte Schwaarze Kréischelen un, déi vun Eppelpress zu Lëtzebuerg ugebaut ginn. Kuerz no der Recolte gi se zesumme mat biologeschem Rouerzocker fir e puer Méint an eisem Opyos Luxembourg Dry Gin mazeréiert. Dës lues Extraktioun léist no an no d’Faarf, d’Fruucht an déi natierlech Arome vun de Friichten eraus, wärend sech dat charakteristescht Aromaprofil vum Gin harmonesch mat de Cassisnoute verbënnt. No der Mazeratioun gin d‘Schwaarz Kréischele bei der Eppelpress schounend gepresst, fir de verbleiwende Jus, d’Aromen an d’Faarf ze gewannen. Duerno räift de Likör nach e puer Méint weider fir sech ob natierlech Art a Weis ze kläeren. Wéi bei all eisen anere Produite verzichte mir op Kältefiltratioun a kënschtlech Zousazstoffer, fir den authentesche Charakter vun dësem Produit ze erhalen, dee mat 30 % vol. ofgefëllt gëtt.

CASSIS GIN LIQUEUR

CASSIS GIN LIQUEUR

Als limitéierte Joergang a mat vill Gedold hiergestallt, ass den Opyos Cassis Gin Liqueur e richtegen Ausdrock vu lëtzebuergeschem Handwierk. Hie verbënnt déi intensiv Fruucht vu lëtzebuergesche Schwaarze Kréischele mat der onverwiesselbarer Eleganz vun eisem ausgezeechenten Opyos Luxembourg Dry Gin.

DEGUSTATIOUNS
NOUTEN

CASSIS GIN LIQUEUR

NUES

En ausdrocksstaarke Bouquet vu frësch geplécktem Cassis, mat enger beandrockender Fruuchtintensitéit. Fein Zitrusnuancen an dezent Wakelternoten brénge Frëscht an Eleganz, ouni de markante Cassischarakter ze iwwerdecken.

GOMM

Voll a perfekt equilibréiert, mat räifem Cassis am Mëttelpunkt. Déi natierlech Séisst vum biologesche Rouerzocker füügt sech harmonesch an, wärend dat villschichtegt Aromaprofil vun eisem Luxembourg Dry Gin fir Struktur, Déift an eng lieweg Komplexitéit suergt.

OFGANG

Laang, douce an elegant, mat laang unhalende Cassisnouten, enger feiner Wakelterwierz an engem frëschen, harmoneschen Ofgang.

ZERWÉIER
SUGGESTIOUN

CASSIS GIN LIQUEUR

Den Opyos Cassis Gin Liqueur genéisst een am beschte pur oder op Äis, fir säin intensive Cassischarakter an dat villschichtegt Aromaprofil voll zur Geltung kommen ze loossen. Fir en erfrëschende Longdrink recommandéiere mir, 5 cl Opyos Cassis Gin Liqueur an ee mat Äiswierfele gefëlltend Glas ze schëdden, mat Indian Tonic Water opzefëllen an dat Ganzt mat engem Zweig frëscher Mënz ze garnéieren. D’Resultat ass eng harmonesch Verbindung tëscht räife Cassisnouten an dem villschichtegen Aromaprofil vun eisem Opyos Luxembourg Dry Gin.