24,90 € TTC
50 cl
Den Opyos Alcohol Free Juniper Essence ass eng fein ofgestëmmte Kompositioun aus Kraider- a Gewierzdestillater, esou wei dem klassesche Wakelter, an ënnert anerem Kardamom an Zitrusfriichten.
Déi natierlech Botanicals suerge fir en ofgeronnte Geschmaachsprofil a fir ee vilfältegt a nuancéiert Erliefnis, sief et an alkoholfräie Cocktails oder Longdrinks.
Op Eent muss du mat eiser neier alkoholfräier Alternativ net verzichten: gutt Drinks
Opyos Alcohol Free kombinéiert ausgewielte Kraider- a Gewierz-Destillater mat natierlechen Aromen, fir eng eenzegaarteg Geschmaachserfarung ze bidden.Duerch d’gezillt Extraktioun vu Wakelter, Kardamom a Zitrusfriichten entstinn intensiv a komplex Aromen, déi fir déi typesch Frëschheet a Wierzegkeet vum Opyos Alcohol Free stinn.
D’Profil gëtt duerch fein ofgestëmmt Botanicals ofgerënnt, déi fir Déift an Harmonie suergen – déi perfekt Basis fir raffinéiert alkoholfräi Cocktailen a Longdrinks.
Dominant Noute vu Wakelter, begleet vu frëschem Zitrusaroma a subtile gewierzeg Ënnertéin.
Ausgeglachene Goût, deen d’Gerochsimpressiounen erëmspigelt. De kräftege Wakelter steet am Mëttelpunkt, gefollegt vu liewegen Zitrusnotten an enger dezenter Wierz duerch de Kardamom.
Eng harmonesch a frësch Ofschlossnotte, mat engem nohaltege Genoss vu Wakelter a Zitrusfriichten.
Dank sengem frësche Charakter an dem equilibréierte Geschmaach ass Opyos Alcohol Free déi ideal Basis fir raffinéiert alkoholfräi Cocktailen a Longdrinks. Fir e klassesche Longdrink empfeele mir, 5 cl Opyos Alcohol Free Juniper Essence mat 15 cl Tonic ze vermëschen an eng Scheif Kornischong ze dekoréieren. Dës Kombinatioun ënnersträicht déi frësch a wierzeg Nouten a bitt eng erfrëschend a lieweg Erfarung.